Podcast: Am Bistro mat der woxx #141 – Cryptoart an d’Auswierkungen op d’Ëmwelt

von | 07.05.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Hype ronderëm Cryptoart ass grouss, verschidde Kënschtler*innen hu Milliounen domadder verdéngt, Konscht an enger Blockchain a mat Kryptowährungen ze verkafen. Am Podcast vun dëser Woch erkläert de Joël Adami der Tessie Jakobs, wat dat genee heescht a wéi dat funktionéiert. Ausserdeem ginn d‘woxx-Journalist*innen op déi grouss Problemer fir d‘Ëmwelt an, déi duerch d‘Generéierung an de Verkaf vu sougenannten NFTs entstinn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...