Podcast: Am Bistro mat der woxx #160 – D’RTL-Konventioun an d’Zukunft vum Mediepluralismus zu Lëtzebuerg

von | 24.09.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

50 Prozent esou vill wéi virdrun: D‘Konventioun tëscht Staat an RTL bedeit, datt de Sender fir säin „service public“ wesentlech méi Sue wäert kréien. Dat ass d‘Thema vum woxx-Podcast dës Woch. Mam Richard Graf diskutéiert de Joël Adami iwwert d‘Fro, wat dat fir Implicatioune fir de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg, dee laut dem „Media Pluralism Monitor“ souwisou schonn a Gefor ass, huet? Ausserdeem ass Thema, wéi eng Aufgabe wäert RTL an Zukunft wäert iwwerhuele mussen a wat dat fir aner Radiosendere wéi den 100,7 oder den Radio Ara heescht?

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...