Podcast: Am Bistro mat der woxx #168 – Wéi égalitär ass Eltereschaft hautzudags?

von | 19.11.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Jonk Pappen sinn am Schnëtt méi präsent an emotionalen involvéiert wéi et hier eege Pappen nach waren. Gläichzäiteg weisen Etuden awer ëmmer nees drop hin, dass u Fraen nach ëmmer de gréissten Deel vun der Kannerfleg an – erzéiung hänke bleiwt. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs doriwwer, wéi et dozou komm ass, dass an der woxx dës Woch en Artikel iwwer Pappen ass, wat déi eenzel Témoignage gewisen hunn a wéi sech dës Interviewen vun aneren ënnerscheed hunn.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #380 – Ungarn vor dem Systemwechsel?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System...

Editioun

Verbrecher Verlag: Digitaler Frauenhass

Hass gegen Frauen ist in unserer Gesellschaft allgegenwärtig – auch im digitalen Raum. In ihrem Buch „Bitch Hunt“ analysiert Veronika Kracher die Mechanismen dieser digitalen Misogynie.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #379 – Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d'Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu...