All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Jonk Pappen sinn am Schnëtt méi präsent an emotionalen involvéiert wéi et hier eege Pappen nach waren. Gläichzäiteg weisen Etuden awer ëmmer nees drop hin, dass u Fraen nach ëmmer de gréissten Deel vun der Kannerfleg an – erzéiung hänke bleiwt. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs doriwwer, wéi et dozou komm ass, dass an der woxx dës Woch en Artikel iwwer Pappen ass, wat déi eenzel Témoignage gewisen hunn a wéi sech dës Interviewen vun aneren ënnerscheed hunn. mehr lesen / lire plus