Podcast: Am Bistro mat der woxx #052 – Aarmut zu Lëtzebuerg

von | 28.06.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch ass eist Thema net, wéi ee vläicht erwaarde kéint, d‘Hëtzt, mä d‘Aarmut zu Lëtzebuerg a mat wéi enge Mëttelen een dogéint kämpfe kann. Ausgoend vun enger Table Ronde, déi vun der Chambre de Commerce organiséiert ginn ass, huet sech d‘Tessie Jakobs dem Thema ugeholl. Gemeinsam mam Joël Adami schwätzt si doriwwer, wisou ëmmer erëm – an och bei der Chambre de Commerce – iwwert Definitioun vun Aarmut diskutéiert gëtt a wat fir ee politesche Calcul dohannert stécht. Verschidde Bevëlkerungsgruppe sinn zu Lëtzebuerg besonnesch vun der Aarmut betraff, an analyséieren d‘woxx-Journalist*innen och de Phänome vun de „Working Poor“.

Wann een sech d‘Mesurë vun der Regierung géint Aarmut ukuckt, fält op, datt ee Changement am Toun gëtt. Bis viru kuerzem gouf et ee garantéiert Mindestakommes, de RMG. Elo heescht dee REVIS an d‘Leit solle „aktivéiert“ gi – wat huet et mat där Nummännerung op sech an ass de een Symbol fir eng liberal Sozialpolitik? Zu gudder Lescht geet de Podcast dann och der Fro op d‘Spur, wisou sou wéineg doriwwer geschwat gëtt, datt Aarmut eigentlech een inherente Facteur vun eisem Wirtschaftssystem ass.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / mat Android / per RSS.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

SOZIALES

Les ONG publient une « Déclaration pour le droit à un toit » : Le logement est d’abord un problème politique

Publiée début juillet, la « Déclaration pour le droit à un toit » est le fruit d’un travail de réflexion mené par la société civile. À l’initiative d’Amnesty International et de Solidaritéit mat den Heescherten, un groupe de réflexion s’est régulièrement réuni avec des associations de terrain pour élaborer des solutions politiques à la crise du logement.