Jean Schoos: Operatioun Meedag

von | 22.11.2019

De véierte Fall vum Kapitän Fischbach féiert hien direkt an d’Entwécklungsgeschicht vun de spéidere Bommeleeër – eng Nebuléis aus korrupte SREL-Agenten, deier Immobiliëprojeten an den net sou proppere Saachen déi op der Stater Gare passéieren.

(©Binsfeld)

Fir de Fischbach fänkt dës Episode nawell ustrengend un: Den éischte Mee sollen Terroristen aus Däitschland op der Gewerkschaftsdemonstratioun op der Escher Brillplaz zouschloen, a kuerz virdru kënnt et nach zu enger bluddeger Geiselnam am Bettenger Klouschter. Hien muss also improviséieren, fir dat alles ze meeschteren, an d’Hëllef vum Armand Reisen, engem SREL-Agent deem hien net traut, unhuelen. Dat ass effektiv e saueren Apel, mä et gëtt nach méi komplizéiert – déi zwee Fäll sinn nämlech op eng onheemlech Manéier matenee verbonnen.

Unhand vun den Zoustänn an opgrond vun der ongesonder Konkurrenzsituatioun tëscht Gendarmerie a Police déi Ënn de 1970er virgeherrscht hunn, geléngt et dem Jean Schoos nees eng Kéier déi verstoppte Geschicht vun deene Joren erfuerbar ze maachen. Et geet drëms ze verstoen, wéi Lëtzebuerg do stoung, déi kleng Grimmel Land matzen an Europa a matzen am Kale Krich – deemools nach ouni d’Finanzplaz. Dat éiert och déi ganz Serie déi sech den Auteur virgeholl huet.

Leider mangelt et bei dëser Episod awer um formelle Plang. Den Ufank an den Enn vum Buch sinn effektiv spannend geschriwwen, d’Ereegnesser iwwerschloen sech richteg – mä an der Mëtt vum Buch kann et der Lieserin an dem Lieser mol ferm latzeg ginn. Ze vill Reunioune gi beschriwwen, ze vill verschidde Charaktere ginn agefouert, sou dass een zimmlech séier duerchernee kënnt. Do hëlleft och de Glossaire vun de Personnagen hannen am Buch net vill: De Fakt, dass den Auteur bal op all physesch Deskriptioun vu senge Charaktere verzicht, mécht et schwéier den Iwwerbléck ze halen. Wann dann nach laang Dialogen derbäi kommen, déi eigentlech net wierklech zur Handlung bäidroen, dann ass de Risiko d’Buch op d’Säit ze leeë grouss. An dat ass Schued, well – wéi gesot – um Schluss knuppt et nach mol sou richteg, an och de Kapitän Fischbach kënnt net sou aus dem Buch eraus, wéi en era gaangen ass. An deem Sënn lount sech d’Lektür vun „Operatioun Meedag“ sécher, a sief et nëmme fir sech fir dat nächst Buch waarm ze maachen.

Bei Editions Binsfeld.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTURTIPP

Buchtipp: Portia Elan – Homebound

In ihrem Sci-Fi-Roman „Homebound“ erzählt Portia Elan nicht nur eine, sondern gleich drei Geschichten, die alle zu unterschiedlichen Zeitpunkten spielen: 1983, 2078 und 2586. Am Ende des 20. Jahrhunderts muss die gerade erwachsen gewordene Becks den Tod ihres Onkels verarbeiten und findet Trost in einem Computerspiel, das dieser für sie...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

KULTURTIPP

Livre : J’ai boxé Barbe Bleue

La rupture avec l’homme qu’elle a aimé pendant un an : l’histoire de Marine Buratti, journaliste reconvertie dans la coopération au développement et désormais installée dans une fermette vosgienne, peut sembler banale. Elle n’a pas été tuée comme les femmes de Barbe Bleue, ni battue, ni violée. Pourtant, cette rupture brutale et unilatérale,...