Wat eng Freed: Parquet freet Fräisproch fir Turnup Tun

von | 27.02.2020

Och am Appellsprozess géint de Rapper deen a sengem Song „FCK LXB“ dem Fred Keup, dem Joe Thein an dem Dan Schmitz de Marsch geblosen huet, freet de Parquet e Fräisproch – eng gutt Nouvelle u sech, mä de Prozess weist och d’Schwächte vun eisem Justizsystem.

(©Screenshot Youtube/Turnup Tun)

Nach ass d’Urteel am Appell net gefall, mä et gesäit gutt aus fir den Turnup Tun a fir d’Meenungsfräiheet hei am Land. Et kënnt schwéier gi fir d’Geriicht an dësem Fall der Recommandatioun vum Parquet net nozekommen. Waat een aus dësem Fall léiere kann sin zwou Saachen: Éischtens de Fred Keup, de Joe Thein an den Dan Schmitz (ënner anerem virbestrooft fir rassistesch Aussoen) sinn Hypokritten. Ween sech ëffentlech als Märtyrer vun der Meenungsfräiheet dohinner stellt a géint sougenannte Mainstream-Medie wettert, déi nëmme politesch Korrektes duerchgoe loossen, muss och domadder liewen dass Anerer vu genau déier Meenungsfräiheet Gebrauch maachen. Well den Fred Keup a seng Akolythen (ob viru Geriicht oder bei sengem Wee 2050) sinn nu emol Rietspopulisten.

Eleng de Fakt dass de Fred Keup net nëmme géint den Turnup Tun, ma och géint d’Aktivistin Milena Steinmetzer, de Mike Richartz a anerer Plainte gemaach huet ass en typescht Schema vu rietspopulistescher Politik – sech sëlwer als Affer duerstellen, wann et politesch opportun ass. Net ouni Zoufall sinn all di Plaintë virun de Walen 2018 deposéiert ginn, wéi d’Kolleege vun RTL et an hirem Reportage dës Woch ënnerstrach hun.  

Dës weideren huet den zukünftegen ADR-Deputéierten dann och nach eng Plainte géint de Kënschtler*inne-Kollektiv Richtung 22 deposéiert. Zil vun sou Agissementer ass kloer: Et geet net drëms viru Geriicht ze gewannen, mä d’Géigner midd a färdeg ze maachen andeems een d’Schwächte vum Justizsystem ouni Schimmt ausnotzt.

Well all di Plaintë mussen traitéiert ginn, an di Betraffen sech mussen Affekote leeschten, gëtt dat séier eng deier Saach – et kënnt sinn, dass d’Léit et sech an Zukunft zweemol iwwerleeën ier se um Facebook vum Wee 2050 de „besuergte Bierger“ soe waat se denken. An esou gëtt aus dem Verfechter vun der Meenungsfräiheet, säi schlëmmste Géigner. Eppes wat och typesch rietspopulistesch ass. Et wier un der Zäit dass sech eis Justiz och kéint wieren, wann se weess dass mat hire Reegelen Abus bedriwwe gëtt. 

Och dem Fred Keup seng Attacke géint Press ginn an di deselwechte Richtung. Deslescht huet den national beweegte Géosproff dach tatsächlech gemengt, et giffe „bestëmmte Journalisten“ ginn di wéilten d’Monarchie a schlëmmer nach ganz Lëtzebuerg ofschafen. Net nëmmen ass daat Kabes, mä et ass geféierlech. Och zu Lëtzebuerg ginn et paranoid Léit mat Waffen. A wann dann sou eppes geschitt wéi zu Hanau, wäerte Keups a Konsorten déi éischt sinn, déi no enger Verschwierung géint si jäizen. Wetten dass?

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #384 – Klimagipfel zu Santa Marta

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Staate sinn enttäuscht dovunner, datt d‘Verhandlungen op den UN-Klimagipfelen esou lues viru kommen. Dowéinst hunn sech Enn Abrëll 57 Länner zu Santa Marta a Kolumbie getraff, fir iwwert den Austrëtt aus fossillen Energien ze schwätzen. Dobäi goung et net...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #383 – Wéi Russland vum Irankrich profitéiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d'Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun...