Carte Blanche op RTL: Och de Pressepluralismus leit ënnert dem Covid-19

von | 17.04.2020

Grad a Krisenzäiten erweist sech wĂ©i wichteg eng effikass an onofhängeg Presselandschaft ass. AllerdĂ©ngs gesi mer, datt och d’Press, elo wou se besonnesch vill sollicitĂ©iert gĂ«tt, op wackelege Been steet.

Et ass schonn erstaunlech wéi an dëse Krisenzäiten verschidde Milieuen, déi soss net midd ginn no engem schlanke Staat ze jäizen, op eemol lauter Argumenter fannen, fir datt hinnen vun genau dem selwechte Staat gehollef gëtt.

SĂ©cher ass di aktuell Covid-19-Kriis eppes Exzeptionelles, dat och ganz aussergewĂ©inlech Mesuren verlaangt. An datt de Staat mĂ©i Suen an d’Hand hĂ«lt, wĂ©i en der effektiv am Tirang huet, ass ee Reflex, dee bal esou natierlech ass wĂ©i dobaussen ee Mask unzedoen. Virausgesat natierlech, et huet een iwwerhaapt esou ee Mask zur VerfĂĽgung.

Wa mer spĂ©ider an de Geschichtsbicher noliesen, wĂ©i mer mat der Kriis Ă«mgaange sinn, ass et dann natierlech mĂ©i einfach de Bilan ze zĂ©ien – wat ass richteg, a wat ass falsch gelaf.  AllerdĂ©ngs sinn d’Masken do exemplaresch: Elo no engem Mount wou eis gesot ginn ass, si wären net esou wichteg, ginn se op eemol obligatoresch. Natierlech war et wichteg am Ufank virun allem d’Gesondheetspersonal domadder ze beliwweren.

Et bleift awer de battere Nogeschmaach, datt praktesch keent vun de räichen Industrielänner virbereet war, fir direkt mat alle nĂ©idegen MĂ«ttelen gĂ©int d’Pandemie unzegoen. Et war d’Press, dĂ©i net midd ginn ass, d’Raisonnementer dĂ©i hanner verschidden Decisioune stoungen ze hannerfroen. DĂ©i wollt verstoen, wĂ©i dĂ©i eng oder aner SchrĂ«tt ze erkläre sinn. A firwat den Iwwergang, vun der enger zu der aner Phase, verschidde Narrativer, ze soen iwwer Nuecht, obsolet gemaach huet.

Nu kenne mer frou sinn, datt mer eng, zwar net Ă«mmer ganz onofhängeg, an dach awer relativ pluralistesch Press hunn. Nach hunn, misst ee soen, well besonnesch di gedrĂ©ckten Zeitungen, ob ee Schlag, ee vun hire Standbeener, bal ganz verluer hunn: dat vun de PublicitĂ©iten.  An dat zweet, d’Abonnementer, variĂ©iert och mat der ekonomescher AktivitĂ©it, wann och mat enger gewĂ«sser Verzögerung.

Wéi no der Kris vun 2008 eng Rei vu Verwaltungen a Betriber gezwongen goufen, hir Käschten ze senken, waren Zeitungsabonnementer een vun den éischte Posten déi gestrach gouf. An och Privatleit, déi op eemol an ekonomesch Turbulenze kommen, kennen sech net méi all Abonnementer leeschten.

Eng konsumkritesch Zeitung wĂ©i d’woxx hänkt natierlech manner vu Reklammen of. Mat beschränkte MĂ«ttelen ze schaffen a quasi an enger Dauerkriis ze operĂ©ieren – ass ee scho bal gewinnt. Trotzdeem sollt een, an der Suite vun der Corona-Kris, d’Iwwerleeungen, wĂ©i eng onofhängeg Medielandschaft zu LĂ«tzebuerg soll an Zukunft funktionĂ©ieren, Ă«nnert engem neien Liicht weider fĂ©ieren:

Eng ze vill staark Ofhängegkeet vun der Ekonomie féiert net nëmmen zu engem mediepolitesche Gläichklang am Alldag. Si kann och de K.O. vun der ganzer Medielandschaft bedeiten, wann hire Geschäftsmodell op eemol zesumme brécht. A sief et och nëmmen wéinst engem butzege Virus den ee weeder richen, schmaachen oder kucke kann.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #401 – Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. 34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #399 – Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach Ă«mmer schwiereg ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Deemnächst geet d'Schoul erëm un. Mä net fir all d'Schüler*innen ass et d'selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng...