Am Bistro mat der woxx #406 – Wéi Lëtzebuerg mat sougenannter kënschtlecher Intelligenz d’Klima rette wëll

von | 20.11.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Foto vun der Weltklimakonferenz. Am Virdergrond ass dem Serge Wilmes säin Hannerkapp ze gesinn. Hien kuckt op een Bildschirm, ob deem Rommelen ze gesinn sinn, an et steet "restoring landscapes" drop. Iwwert dem Bild steet den Titel "Wéi Lëtzebuerg mat KI d'Klima rette wëll“, an drënner d'Nummer vun der Episod vun dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx, 406. Dës Woch war d‚woxx–Journalistin María Elorza Saralegui op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei. D‚Nuechten zu Antalaya si laang, wéi een och dorunner gesäit, datt den Espresso–Stand esou laang opbléift, wéi d‚Verhandlunge lafen. Am Podcast schwätze mir kuerz iwwert d‚Stëmmung op der COP, mä virun allem iwwert d‚Roll vu Lëtzebuerg. Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV sot, d‚EU misst „bescheiden“ optrieden. Mä domadder huet hie wuel virun allem d‚Verhandlunge gemengt. Well Lëtzebuerg trëtt soss awer net immens bescheiden ob. De grousse Fokus louch um Projet „Rio Changemakers“, dee mat Hëllef vu KI soll d‚Finanzéierung vu Klimaprojete méi einfach maachen. Am Podcast schwätze mir iwwert déi Iddi an d‚Kritik dorunner.
All d’Artikelen iwwert Weltklimakonferenz COP31 vun der woxx fannt dir ënnert dësem Link.

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren