Carte Blanche op RTL: Corona-Kris am globale Süden – net um falschen Ënn spueren

von | 26.06.2020

Wa Lëtzebuerg an dësem Moment seng Efforten a Saache Kooperatiounspolitik gedenkt zeréckzeféieren, trëfft dat eis aktuell Partner an engem Moment, wou si méi gebraucht gi wéi jee.

Nach ass en Enn vun der Corona-Kris net a Siicht a natierlech waart elo al Mënsch op di vill gefaarten zweet Well. Wéi laang mer un den ekonomeschen Suite vum Lockdown wäerten knaen mussen, ass och nach net gewosst. Esou haart et eis Ekonomie och trëfft, sollte mer awer net reflexaarteg, eis international Engagementer zeréck schrauwen.

Lëtzebuerg hat sech an de leschte Joerzéngten hei jo un d’Spëtzt gesat, andeem mir all Joer ee Prozent vun eisem Brutto-National-Akommes der sougenannten Entwécklungshëllef zoukomme loossen. De Statec schätzt datt dëst Joer eis Ekonomie ëm 6 Prozent wäert abriechen. Allerdéngs soll schonn 2021 d’Ekonomie nees den Niveau vum leschte Joer erreechen.

Eng logesch Suite vun dëser Zuel wier also, kuerzfristeg eng Reduktioun vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, déi dann an de Joren duerno eventuell nees géif klammen. Fir eis Partner wär esou eng Reaktioun allerdéngs fatal: An de meeschten Zilregioune vun der lëtzebuerger Kooperatioun huet d’Corona-Kris nämlech nach vill méi schlëmm Konsequenzen, wéi mir se hei heem verspieren. A vill vun deene Partnerstrukturen, déi eist Land iwwer multilateral Institutiounen, iwwer d’Luxdev oder iwwer di vill ënnerschiddlech Entwécklungs-ONGen ënnerstëtzt, si selwer Opfer vum COVID-19 ginn.

Vill vun hire Beneficiairen, déi duerch d’Aarbecht vun de Partnerorganisatiounen an de Genoss vun akzeptabele Liewenskonditioune konnte kommen, déi mat hirer Duerfcommunautéit den Usproch vun hire Kanner op eng Schoulausbildung konnten erfëllen oder déi um Wee ware fir hiert Recht op e Stéck Land fir ze bebauen ze erstreiden, stinn elo virum Näischt – a si méi wéi jee op eis Solidaritéit ugewisen.

D’Zivilgesellschaft am globale Süden huet mat der COVID-19 Pandemie, awer och nodeem an de leschte Joren a ville Regiounen d’Sécherheetssituatioun ëmmer méi bedenklech ginn ass, an sech déi global Klimakris besonnesch bei deenen Äermste staark bemierkbar gemaach huet, de Moment méi ze dinn ewéi jee.Wann grad zu dësem Zäitpunkt dann och nach di batter gebrauchten Zouwendungen aus dem Norden zeréckgeschrauft ginn, dann dréie mer un enger Spiral, déi ëmmer méi no ënnen zitt.

Am Ufank vun dësem Millenium hat d’Weltcommunautéit sech op Entwécklungsziler ageschwuer, déi elo a Gefor sinn. Wa mer am Kader vun der Pandemie eis Efforten zeréckschrauwen, wäerte mer domadder eng fatal Feelentwécklung ukierpen, déi di betraffe Mënschen am globale Süden direkt ze spiere kréien.

D’Quittung, a Form vun internationale Konflikter an engem weideren Uwuess un de weltwäite Flüchtlingsstréim, wäert dann net op sech waarde loossen. Dann hätte mer tatsächlech vum falschen Enn gespuert.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #391 – Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d'Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d'Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d'Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet...