Podcast: Am Bistro mat der woxx #145 – Kritt Lëtzebuerg ee Menstruatiounscongé?

von | 04.06.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng Petitioun um Chamberssite freet een esougenannte Menstruatiounscongé fir Leit déi ënner staarker Reegelpéng leiden. Et gesäit esou aus, wéi wann se Erfolleg wäert hunn. D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vun der woxx hunn dofir ee groussen Dossier zum Thema präparéiert, an ënnert anerem mat verschiddene Minister*innen aus Lëtzebuerg iwwert Thema geschwat. En plus hunn si sech ugekuckt, wéi d’Diskussioun zu dem Thema international gefouert gëtt an och e puer historesch Beispiller fonnt. Am Podcast schwätzen si mam Joël Adami iwwert all dat – an iwwert d’Fro, wéi sech ee Menstruatiounscongé zu Lëtzebuerg da wierklech ëmsetze géif loossen.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...