E Sonndeg, 27. November: RTL-Presseclub mat der woxx

von | 26.11.2022

U sech kann de Walkampf lo ufänken: am Politmonitor hunn d’Leit gesot, wou fir Si de Schung dréckt a wat hier aktuell Suergen sinn. Och d’Sympathie- an Kompetenz-Tauxen goufen tëscht 42 ofgefrote Politiker verdeelt, sou datt d’Parteien hir natierlech Leaderen kënnen an d’Course fir d’Superwaljoer schécken. Wat ass sech konkret thematesch vun de Parteien am Walkampf z’erwaarden an drifft d’Gesellschaft wierklech sou auserneen, wéi et dee rezente Sondage fäerte léisst?
D’Invitéeën vum Roy Grotz sinn: d’Annette Welsch aus dem Wort, de Pol Reuter vu reporter.lu an de Richard Graf vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...