All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg klimaneutral sinn, da sollt et souwisou keng Gas- oder Masuttsheizunge méi ginn. Mä dat ass net esou einfach. De Mouvement écologique huet een 11-Punkte-Plang virgestallt a werft der Regierung vir, déi néideg Transitioun ze verschleefen. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert den aktuelle Stand vum Hëtzen zu Lëtzebuerg, d’Problemer beim Plange vu Fernwärme-Netzer an der Fro, wat da géif geschéien, wann een*t sech 2049 nach géif eng Masuttsheizung abauen.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Klimafreundlich heizen: Ausstieg aus Öl- und Gasheizungen
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

