Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

von | 17.07.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D’Resultater vun der Studien hunn iwwerdeems d’Erwaardungen net erfëllt. An dem Educatiounsminister Claude Meisch gëtt e Mangel vun Transparenz virgeworf. Am Podcast schwätze mir iwwert de Projet Alpha, d’Fro op Franséisch dee richtege Choix fir eng Alphabetiséierung war a wat et soss nach fir Méiglechkeete gëtt, Ongläichheeten ze besäitegen.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:  Debatte über Alphabetisierungssprache: Wie werden wir ein glückliches Babel?

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #391 – Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d'Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d'Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d'Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet...