All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
D’läscht Woch war d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei, a mir schwätzen haut wéi versprach doriwwer, wat bei der COP erauskomm ass a wat hir Erfarungen zu Antalaya waren. Wéi déi meescht warscheinlech matkritt hunn, koum et zu kengem Ofschloss an d’Erklärung ass normalerweis: D’EU an déi kleng Inselstaate wollten, datt den Ausstig aus fossillen Energien dra steet, an dofir hunn si dem schwaachen Text net zougestëmmt. Allerdéngs ass d’Erzielung vun der EU, déi jo och Lëtzebuerg an den Ëmweltminister Serge Wilmes iwwerholl hunn, ass vläicht net esou ganz richteg. Och si ware stuer an haten eng rout Linn, si sollten nämlech net méi Suen ausginn, wat an de Verhandlungen ee Problem war. Zum Schluss schwätze mir awer och nach doriwwer, wéi d’Zukunft vun der internationaler Klimapolitik kéint ausgesinn.
All d’Artikelen iwwert Weltklimakonferenz COP31 vun der woxx fannt dir ënnert dësem Link.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

