Samuel Hamen : V wéi vreckt, W wéi Vitess

von | 20.03.2018

Dem Samuel Hamen seng éischt Erzielung beweist, datt een net muss en ale Granzert si, fir béis a granzeg lëtzebuergesch Literatur ze schreiwen.

Et schéngt e Fluch op der lëtzebuergescher Literatur ze léien: Vu lauter Äifer an hirer Mammesprooch ze schreiwen, vergiesse vill Schrëftsteller*innen, datt se och nach e Schluss fir hir Geschicht musse fannen. Dat gëllt och fir „V wéi vreckt W wéi Vitess“ vum Samuel Hamen. Mee dat ass dann awer och quasi dat Eenzegt, wat een dësem Buch ka virgeheien.

Den Auteur geet nawell zimlech gerass vir, fir säi Wierk an der heiteger Literaturlandschaft anzebrennen. Dat andeems en aner bekannte Schrëftsteller*innen einfach abënnt: Sou emmerdéiert den Haaptpersonnage ëmmer nees de Guy Helminger iwwer Voicemail, versteet näischt vum Tullio Forgiarini sengem Franséisch a probéiert sech net virun der Claudine Muno (Uff! Eng Fra!) ze blaméieren. Den Devid Risch ass nämlech sou eng Perséinlechkeet, déi sëlwer gäre Schrëftsteller wär, op jidde Fall bilt e sech dat an. An dat ass beileiwen net dat Eenzegt, wat sech dee komesche Vull alles an de Kapp setzt.

D’Lieser*in suivéiert hien duerch e puer Sessioune bei sengem Psychiater um Lampertsbierg (wou een sech och d’Fro stellt, op sech hannert dem Dr. Coster net och e reelle Personnage verstoppt), déi hien tëscht iwwerméissegem Alkoholkonsum, de Léit op d’Schlappe goen a Selbstbematleedeedung méi oder manner gutt absolvéiert.

Hien huet massiv Problemer Realitéit a Fiktioun auserneen ze halen a kritt et net hin éierlech mat sech oder sengem Dokter – vun deem e virun allem Psychopharmaka well – ze sinn. Dat bréngt eng méi tragesch wéi komesch Biographie op de Plang, déi sech a senge lëschtegen Tirade géint d’Mënschheet, an d’Lëtzebuerger virun allem, spigelen.

Vum Stil hier, probéiert de Samuel Hamen därbaants al lëtzebuergesch Wierder nees zum Liewen ze erwächen, wat heiansdo ganz gutt geléngt, vun Zäit zur Zäit awer  de Liesflow nawell zimlech kann ënnerdrécken.

Mam Devid Risch ass op jidde Fall e weidere lëtzebuergeschen Anti-Held opgetaucht, deen duerch säi Veruechte vun der lëtzebuergescher Mediokritéit (zu där e sëlwer bäidreet a gehéiert) all de linguistiko-identitäre Sproochmatessen, déi elo a Virwahl-Zäite wéi gëfteg Champignonen aus dem Buedem spréissen, kräfteg op d’Schong seecht. An deem Sënn: Wëllkomm! Mir freeën eis op dat nächst Buch!

V wéi vreckt, W wéi Vitess ass bei Editions Binsfeld erauskomm.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...

KULTURTIPP

Buchtipp: Kekeli

Kekeli hat sich bislang kaum mit der Geschichte ihres Vaters beschäftigt. Erst als ihre Cousine Afi aus Togo zu Besuch kommt, beginnt sie, die Vergangenheit ihrer Familie und Fragen der eigenen Identität neu zu betrachten. Jessica Mawuena Lawson entwickelt in ihrem Debütroman „Kekeli“ daraus eine Coming-of-Age-Geschichte über Zugehörigkeit und...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...

KULTURTIPP

Buchtipp: Rift

Zwei Geschwister, davon eines todkrank, machen einen Roadtrip durch Nordamerika. Die Ideen, die Marina Schwabe in ihrem Romandebüt „Rift“ verwebt, sind also keineswegs neu: abenteuerliche Autoreise, tiefe Geschwisterliebe, drohender Abschied und Todesnähe. Die Literatur, die um diese Motive kreist, füllt mittlerweile Bücherregale. Dank ihrer...