Podcast: am Bistro mat der woxx #004

von | 29.06.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert d’Print-Woxx vun dëser Woch, wou et ënnert aanerem een Interview mam Shelomo Selinger, een Artikel iwwert Nuetsflich, déi mat Gebiere sollen agedämmt ginn an eppes zum néie Plang géint Liichtverschmotzung ze liese gëtt. Si resüméieren och, wat et an dëser Woch online bei der woxx ze liese gouf, zum Beispill iwwert den oppene Bréif iwwert Flüchtlingspolitik  „opendiscussion“, d’Treffe vun den EU-Ëmweltminister*innen an d’Reaktioun vun den Ex-Koordinateur*inne vun Esch 2022.

D’Thema vun der Woch ass dat néit Bëschgesetz. Mir schwätzen iwwert den Zoustand vum Lëtzebuerger Bësch, déi néi Reegelungen déi am Gesetz verankert solle ginn, déi zum Beispill ee Recht op Zougang an de Bësch fir jiddereen*t garantéieren. Donieft kucke mir eis un, wéi gutt oder schlecht dat néit Gesetz de Bësch op de Klimawandel virbereet.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...