Podcast: Am Bistro mat der woxx #036 – Läichen am Keller vum MNHA an: Ass Autismus heelbar?

von | 22.02.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx engersäits iwwert d’Perquisitioun am MNHA an anersäits ëm d’Fro, wat fir Therapieforme fir Autismus ubruecht sinn.

Mam Luc Caregari schwätzt de Joël Adami doriwwer, wéi d’woxx op d’Spuer vun de „Läichen“ am Keller vum MNHA komm ass, wat fir Steng bei der Recherche am Wee louchen a wat déi Affär mat dem belsche Parquet ze dinn huet.

Eis zweet Thema ass d’Fro, ob een Autismus heele kann. Dat behaapten nämlech ëmmer erëm Leit, déi mat dem Versprieche Reklamm fir deier Therapië maachen. Mam Tessie Jakobs ass riets driwwer, wisou dës Siicht op d’Thema problematesch ass a wisou sou een Usaz der Iddi vun der Inclusioun am Wee stoe kann.

De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...