Podcast: Am Bistro mat der woxx #037 – Klimaflüchtlingen

von | 01.03.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch ass an der Pabeier-Woxx ee klenge Fokus op Migratioun, passend vum Festival des Migrations, deen dëse Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg iwwert d’Bühn geet. D’Thema vun der Woch am Podcast huet dann och domadder ze dinn, an zwar geet et ëm Klimaflüchtlingen, also Leit déi hir Heemescht musse wéinst Konsequenze vum Klimawandel verloossen.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami schwätzen doriwwer, ob den Ausdrock Klimaflüchtlingen ee gudde Begrëff ass, wat d’Haaptgrënn sinn, wéisou Leit flüchte mussen a wat ee Bericht fir d’Europäescht Parlament zu där Thematik ze soen hat.

Aner Themen am Podcast sinn d‘Aarbechten zum Tram, nei Kritik um Stagegesetz an ee grénge Plang fir Europa vun der Sozialdemokratie.

De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...