Am Bistro mat der woxx #220 – Nei Gesetzer fir Kultur a Landwirtschaft

von | 09.12.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dëse Freiden ënnerhale mir eis iwwert eis Woch an der woxx-Redaktioun. Dobäi schwätze mir iwwer zwee Projeten, déi an der Politik grad diskutéiert ginn. Engersäits eng Reform vun enger Rëtsch vu Kultur-Gesetzer, déi virun allem ëm d’Agence Kultur:lx dréinen. Dat zweet Thema ass d‘Agrarpolitik, déi reforméiert soll ginn. Besonnesch iwwert Zuel vun de Kéi gëtt vill gestridden. Sou soll et engersäits eng Primme ginn, wann een landwirtschaftleche Betrib d‘Zuel vu senger Ranner reduzéiert, anerersäits soll et awer och genehmeungsflichteg ginn, d‘Zuel ze vergréisseren. Mir schwätzen doriwwer, wéi een bei sou vergläichsweis dreschenen Theme recherchéiert an verroden, wat d‘Milkipedia ass a wisou an der Chamber een Schockelaskleeschen eng Roll spille kann.

Link zu den Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Weniger Kühe, mehr Mühe
Kulturpolitik: Vier gewinnt?

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...