Am Bistro mat der woxx #231 – Wéi wichteg ass de Lëtzebuerger Parteien d’Verkéierssécherheet?

von | 17.03.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod schwätze mir iwwer déi rezent Diskussiounen iwwer d’Erofsetze vun de Vitesslimitatiounen, déi no déidleche Verkéiersaccidenter opkomm sinn. No Jore vun Apathie baut sech ee gewëssen Drock op, fir Tempo 30 an den Uertschaften zum Standard ze maachen. Dat, well verschidde politesch Parteien et an hire Programm fir déi kommend Gemengewale geschriwwen hunn. Mir kucken eis d’Ursaache vun de Verkéiersaccidenter zu Lëtzebuerg un an analyséieren den Impakt vun exzessiver Vitesse op d’Stroossesécherheet. An mir ënnersichen déi verschidde politesch Propositiounen, déi d’Stroossesécherheet verbessere sollen.

Link zum Artikel, iwwert deen mir schwätzen: Verkehrssicherheit: Langsamer und sicherer

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...