Am Bistro mat der woxx #234 – Mënschenhandel zu Lëtzebuerg – wat kann dogéint gemaach ginn?

von | 07.04.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod vun eisem wëchentleche Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs vun der woxx iwwert de Problem vum Mënschenhandel zu Lëtzebuerg. Si diskutéieren iwwer d’Definitioun vum Mënschenhandel a wéi en sech mam Schmuggel vu Leit iwwer d’Grenzen zesummenhänkt. D’Thema ass och dowéinst schwiereg ze erfaassen, well de Mënschenhandel dacks onsiichtbar a schwéier z’entdecke bleift. Mir schwätzen doriwwer, wéi grouss de Problem zu Lëtzebuerg ass a firwat et Affer esou schwéier fält, aus dem System eraus ze kommen – grad och, well d‘Gesetzeslag zu Lëtzebuerg dat schwiereg mécht. Mä et gëtt awer och Usätz, fir de Problem ze léisen.

Link zum Artikel, iwwert dee mir schwätzen:
Menschenhandel in Luxemburg: Ausbeutungsspirale statt Opferschutz

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...