Am Bistro mat der woxx #247 – Klimapolitik: Eng Datz fir d’Regierung, weltwäit Suergen an den Tax Shift als Léisungsvirschlag

von | 21.07.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dëser Deeg ass d’Klimakris däitlech ze spieren, iwwerall op der Welt ginn Hëtztrekorder gebrach. Kënne Verhandlungen tëscht China an den USA hëllefen, datt op der nächster Weltklimakonferenz endlech Fortschrëtter gemaach ginn? Am Podcast vun dëser Woch schwätze mir kuerz doriwwer, mä mir diskutéieren och déi ganz schlecht Zensur, déi den OPC dem Energie- a Klimaplang vun der Regierung ginn huet. Déi gëtt vun de Wëssenschaftler*innen net nëmme kritiséiert, mä kritt eng Datz. Ee Léisungsvirschlag, dee soll hëllefen, fir CO2 anzespueren, ass de sougenannten Tax Shift. Domadder ass gemengt, d’Steierlaascht ze réckelen, vun der Aarbecht op Ëmweltverschmotzung a Ressourcëverbrauch. Mir kucken, wéi eng Parteien esou Usätz an hire Walprogrammer hunn a beliichten d’Schwaachstelle vun der Etüd zum Thema.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Ökologische Steuerdebatte: Ressourcen statt Arbeit besteuern
Klimapolitik weltweit und in Luxemburg
: Handeln, aber wer?


De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #370 – Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d'Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #368 – Umgehungsstrooss Niederkerschen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo...