All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch diskutéieren zwee Journalist*innen iwwert d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg.
Den Toun iwwert Asylpolitik gëtt ëmmer méi schaarf. Flüchtlinge ginn als potenziell Krimineller oder als Belaaschtung ugesinn, wéi zwou rezent Aussoe vu Ministere weisen. Mä déi Stëmmung schléit sech och a Gesetz ëm. Ee Beispill dofir ass de regroupement familial, bei dem d’Regierung elo vill méi streng Reegele wëll ëmsetzen. An dëser Episod vum woxx-Podcast diskutéieren d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert déi Lëtzebuerger Asylpolitik, de Rietsruck an der Sprooch, d’Ignoréiere vum internationale Recht a wat dat alles fir Konsequenzen huet.
D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Politique d’asile : Encore un durcissement & Umgang mit Flüchtlingen: Rauer Ton, rauere Taten
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

