Carte Blanche op RTL: Mediepluralismus gedréckt an ongedréckt

An der lëtzebuerger Medielandschaft ass an der Lescht zimlech vill passéiert – am positiven an am negative Sënn. Allerdéngs ass d’Zukunft vum Mediepluralimus alles anescht wéi geséchert.

Wéi ech virun bal dräi Joer ob dëser Plaz eng Lanz fir de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg gebrach hunn, waren net wéineg Kommentaren déi mer virgeworf hunn ech géif mech op eng korporatistesch Aart a Weis fir mäin Beruffsstand asetzen. Ech wëll dat haut dann nach eng Kéier maachen, allerdéngs net ouni virausschécken, datt en ekonomesch tragfähegen professionellen Journalismus e besonnescht wichtegt Standbeen vun dem Pluralismus ass, awer natierlech net dat eenzegt.

Deemools ass drëm gaangen, datt déi säit den 1970er Joeren zu lëtzebuergesch praktizéiert Hëllef fir déi geschriwwe Press sollt ëm 20 Prozent amputéiert ginn, fir domadder sougenannten „online“- Medien ze förderen.

D’Rechnung war schnell gemaach, well di Kierzung ganz ënnerschiddlech Effekter gehat hätt op di subventionéiert Publikatiounen: Paradoxerweis wären grad di kléng Titelen, déi zesummen mol net e Sechstel vun där Hëllef astiechen, virun Situatioun gestallt ginn, de Buttek missen zou ze maachen, well se dann d’Konditiounen fir iwwerhaapt di Hëllef ze kréien eventuell net méi erfëllt hätten.
Et sief drun erënnert dat niewent der wëchentlecher oder deeglecher Parutioun eng Konditioun vun där Hëllef virschreift, datt esou eng Zeitung mindestens fënnef haaptamtlech Journalisten oder Journalistinnen muss beschäftegen.

Zum Gléck ass de Groschen bei den Verantwortlechen schnell gefall, an d’Hëllef fir d’online-Medien gouf am Kader vun engem „mécanisme transitoire“ esou opgestallt, datt si zousätzlech ausgeschott gëtt – also net op Käschten vun de gedréckten Medien.

Ausserdeem ass et elo och méiglech fir bestehend Printmedien eng zousätzlech Online-Präsenz auszebauen, virausgesat si bitt tatsächlech en zousätzlechen Contenu an si beschäftegt mindestens zwee Journalistinnen oder Journalisten à part. Esou einfach wéi um Pobeier schéngt dat neit Verfaren allerdéngs nach net ze sinn, well di éischt Demanden goufen eréischt an den leschten Deeg gutt geheescht, obwuel d’Reglement schonn am Januar geholl gouf.

Verpasst gouf awer och d’Chance di Neierung mat enger Reform vun der existéierender Pressehëllef ze verknäppen, déi jo bekanntlech den Uspréch vum Ufank net méi onbedéngt gerecht gëtt.
Et sief dann: de neie provisoresche Regime huet jo zu enger Rei Initiativen gefouert, déi an deene nächsten Méint weise mussen, op sech d’Situatioun am Medieberaïch dann elo wesentlech verbessert. Wichteg wier et allerdéngs, datt et zu méi Kooperatiounen kennt, och tëschent de verschiddene Medieformen. Et kann een d’Weltgeschicht eben net nëmmen per Twitter erklären, och wann Zeechenzuel elo op e Schlag verduebelt ginn ass.

Et ass kloer, datt et fir Lëtzebuerg – wahrscheinlech nach méi ewéi a gréisseren Länner – alles anescht wéi evident ass, wéi en professionellen Journalismus an Zukunft iwwerhaapt nach bedriwwe gi kann.
Et ass och schuet, datt dës Diskussioun iwwert d’Konditioune, wéi zu Lëtzebuerg d’Medielandschaft soll nei opgestallt ginn, just mat eenzelen Editeuren beschwat gëtt, an net mat de betraffenen, nämlech de Journalistinnen a Journalisten.

Ëmmerhin dierft Reunifikatioun vun den bis elo dräi Journaliste Gewerkschaften zu enger eenzeger et erlaben, datt an Zukunft di gemeinsam Interessen méi effikass vertruede ginn. Konkurrenzdenken tëschent Medienhäiser – grousser wéi klenger – huet et bis elo der Politik iwwerlooss dësen Terrain ze gestalten – an déi war do leider net all ze gutt beroden.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , , , , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.