D’Resultater aus dem Politmonitor, d’Zukunft vun der asbl Esch 2022, déi zweet Phase vum Brexit, e Bréif vum Vize-Premier Schneider un den CSV-Spëtzekandidat Wiseler an e neit Mobilitéitsgefill duerch den Tram – dat sinn d’Sujeten vum RTL-Presseclub um Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12.
Mat derbäi d’Dani Schumacher aus dem Wort, den David Marques vum Quotidien, d’Josée Hansen aus dem Land an de Richard Graf vun der woxx.

