Podcast: Am Bistro mat der woxx #022 – 30 Joer woxx

von | 09.11.2018

All Woch bitt d’woxx een Abléck an hir journalistesch Aarbecht an gëtt een Iwwerbléck doriwwer, wat si dës Woch besonnesch beschäftegt huet.

Dës Woch stinn d‘Kampagne „Réfléchissez“, d‘Diskriminéierung vu behënnerte Mënschen, d‘Novemberrevolutioun, ökologesch Autoen an den Ausgang vun den US-amerikaneschen Midterm-Wahlen um Menü. D’Thema vun der Woch sinn 30 Joer woxx, well 1988 ass d’Wochenzeitung als GréngeSpoung gegrënnt ginn.

Wéi huet sech d’woxx zanterdeem entwéckelt a wisou si munch Leit erstaunt, datt et d’woxx ëmmer nach gëtt? De Joël Adami schwätzt mam Renée Wagener a mam Richard Graf iwwert d’Initialiddi, d’Ufankszäit, d’Themensetzung vum Spoun a vun der woxx, d’Resistenze beim Versuch, Pressehëllef ze kréien an iwwert Fro, wéi vill sech politesch an deene leschten 30 Joer geännert huet.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...