Podcast: Am Bistro mat der woxx #023 – D’EU-Plastikverbued

von | 16.11.2018

Wéi all Woch bidd d’woxx iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Nieft engem Iwwerbléck iwwert woxx vun dëser Woch schwätzen De Luc Caregari an de Joël Adami dës Woch iwwert de Problem vun der Plastikverschmotzung, virun allem an de Mierer. Diskutéiert gëtt d’EU-Verbuet vum Einwegplastik am Kontext vum globale Plastik-Problem. Si ginn net nëmmen dorobber an, ob et sënnvoll ass, Stréihällem ze verbidden, mä och op de Problem vum Mikroplastik. An dem Kontext beliichten si dann och synthetesch Faseren, den Abrieb vun de Pneuen an aner Facteuren, déi zu Mikroplastik feieren.

Een Aspekt, dee mam Plastikverbued ze dinn huet, ass China. Dat asiatescht Land huet bis Ufank vun dësem Joer ganz vill Plastik aus der EU an den USA recycléiert. Elo ass dat net méi de Fall. Dofir diskutéiert d’woxx d’Fro, ob et net vläicht och un dëser Entscheedung geleeën huet, datt d’EU elo relativ séier een dach ambitionéierte Gesetzesprojet op d’Been gestallt huet.

Download mp3

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...