Podcast: Am Bistro mat der woxx #025 – Geschlechtsspezifesch Gewalt

von | 30.11.2018

All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Thema vun der Woch ass d‘geschlechtsspezifesch Gewalt. D‘Orange Week, déi jo iwwert Gewalt géint Fraen opkläre wëll, huet bei munche fir Opreegung gesuergt, well si der Meenung sinn, datt Männer méi vu Gewalt betraff si wéi Fraen. Iwwert den Discours, deen tëscht Fakten, Éierlechkeet a festgefuerenen Denkmusteren osziliéiert, schwätzen de Joël Adami an d‘Isabel Spigarelli, déi sech an der woxx vun dësem Freiden domadder beschäftegt huet. Wéi ass d’Iddi fir dësen Artikel komm a wéi ass d’Isabel bei der Recherche virgaangen? Hunn d’Kritiker*inne vun der Orange Week Onrecht, a wat fir ee Männerbild misste mir hunn, fir der geschlechtsspezifescher Gewalt besser begéinen ze kënnen?

Déi néi Regierung an hire Plang vun der Cannabislegaliséierung, de „Queer Little Lies“-Festival, op e néits de Spacemining, elektresch Autoen an den Tourismusprojet zu Wäisswampech sinn déi aner Themen, déi dës Woch an eisem Podcast traitéiert ginn.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...