Podcast: Am Bistro mat der woxx #034 – Geflüchteter zu Lëtzebuerg

von | 08.02.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen.

Dës Woch geet et am Podcast vun der woxx iwwert d’Situatioun vu Geflüchteten zu Lëtzebuerg.

E Méinden huet den Ausseminister Jean Asselborn de Bilan a puncto Asyl, Immigratioun an Accueil virgestallt. Mam Fréderic Braun geet Rieds doriwwer, wéisou et him wichteg erschéngt huet, verschidden Aspekter dovun a sengem Artikel opzegräifen. Dat wier zum Beispill de Fait, datt leschte Mount 284 Geflüchteter zu Lëtzebuerg ukomm sinn an déi domat verbonnen Angscht, datt 2019 e Rekordjoer vun der Migratioun zu Lëtzebuer kéint ginn. E weideren Aspekt, deen de Frédéric Braun thematiséiert, ass, datt vulnérabel Populatiounen, déi zum Beispill aus Eritrea kommen, net geschützt, mee dacks expulséiert ginn. Dem Jean Asselborn no géif et wéinst der Dublin-Veruerdnung zu dësen Expulsioune kommen. Lëtzebuerg selwer géif dofir keng Responsabilitéit droen.

D’Isabel Spigarelli ass a sengem Artikel op d’Situatioun vu geflüchtete Fraen zu Lëtzebuerg agaangen. Si erzielt vun hiren Andréck vum Projet Le Temps des Femmes“ a wéi probéiert gëtt mat dëser Struktur op déi spezifesch Besoinen vu geflüchtete Fraen ze reagéieren. D’Grënn dofir, datt Fraen d’Integratioun dacks méi schwéier fällt wéi Männer si vielfälteg. Hirer Recherche no besteet e Besoin no méi geschlechtergetrennte Foyeren, well eng Rei vu geflüchtete Fraen sech an dëse méi wuelfille géifen.

De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...