All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch ass eist Thema net, wéi ee vläicht erwaarde kéint, d‘Hëtzt, mä d‘Aarmut zu Lëtzebuerg a mat wéi enge Mëttelen een dogéint kämpfe kann. Ausgoend vun enger Table Ronde, déi vun der Chambre de Commerce organiséiert ginn ass, huet sech d‘Tessie Jakobs dem Thema ugeholl. Gemeinsam mam Joël Adami schwätzt si doriwwer, wisou ëmmer erëm – an och bei der Chambre de Commerce – iwwert Definitioun vun Aarmut diskutéiert gëtt a wat fir ee politesche Calcul dohannert stécht. Verschidde Bevëlkerungsgruppe sinn zu Lëtzebuerg besonnesch vun der Aarmut betraff, an analyséieren d‘woxx-Journalist*innen och de Phänome vun de „Working Poor“.
Wann een sech d‘Mesurë vun der Regierung géint Aarmut ukuckt, fält op, datt ee Changement am Toun gëtt. Bis viru kuerzem gouf et ee garantéiert Mindestakommes, de RMG. Elo heescht dee REVIS an d‘Leit solle „aktivéiert“ gi – wat huet et mat där Nummännerung op sech an ass de een Symbol fir eng liberal Sozialpolitik? Zu gudder Lescht geet de Podcast dann och der Fro op d‘Spur, wisou sou wéineg doriwwer geschwat gëtt, datt Aarmut eigentlech een inherente Facteur vun eisem Wirtschaftssystem ass.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Armut: Wo bleibt die Systemkritik?
- Am Bistro mat der woxx #307 – Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #099 – Zeréck an de Büro, zeréck bei d’Problemer vun der Aarbechtswelt
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #098 – Jugendhaiser an der Pandemie
- Armut bei jungen Menschen: Unel reagiert