All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Mat enger néier Campagne wëll Bee Secure jonk Leit léieren, Fake News ze erkennen. Mä ginn esou vereenzelt Aktiounen duer oder wier et net méi wichteg, eng holistesch Approche zur Mediebildung an de Schoulsystem ze integréieren? Wéi d’Schoul mat neien, digitale Medien ëmgeet, ass dëst Woch d’Thema vum Podcast vun der woxx.
De Joël Adami an d’Tessie Jakobs schwätzen doriwwer, datt et net duergeet, de Cours um iPad amplaz an engem Buch ze liesen an iwwert d’Gefill vu Konkurrenz, dat vill Proffe vis-à-vis vu digitale Medien hunn. An d’woxx-Journalist*innen diskutéieren doriwwer, wat d’Léisunge kéinte sinn.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #069 – Radikaliséierung duerch Videospiller?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #062 – Sexuell an affektiv Gesondheetserzéiung zu Lëtzebuerg
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #050 – Diskriminéierung a politesch Korrektheet
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #075 – D’Fusioun vu Landesverband an OGBL
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #074 – D’Klimakonferenz COP25 an Ökosteieren