Podcast: Am Bistro mat der woxx #071 – Sech mam Nutri-Score gesond ernähren?

von | 08.11.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Op ee Bléck erkennen, ob e Liewensmëttel gesond ass oder net – dat versprécht de Nutri-Score. Mat enger einfacher Bewäertung op enger Skala vun A bis E solle Konsument*innen direkt gesinn, wéi gesond eng Iesswuer ass. Mä esou einfach ass et natierlech net. D’ULC an d’Patientevertriedung hunn sech an deene leschte Woche fir de Nutri-Score ausgeschwat, och d’Konsumenteschutzministerin Paulette Lenert huet sech grondsätzlech fir de System ausgeschwat.

De Joël Adami an d‘Tessie Jakobs kucken sech haut méi genee un, wat sech hannert dësem Bewäertungssystem verstoppt a wou seng Vir- a seng Nodeeler sinn. Nieft de Kritiken, déi um Nutri-Score geäussert ginn, an de Méiglechkeeten ze trickse fir Firmen, déi Liewensmëttel produzéiere werfen d’woxx-Journalist*innen awer och e Bléck op aner Mesuren, déi d’Regierung kéint ergräifen, fir besser iwwert gesonde Kascht opzeklären.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

GESONDHEETTHEMA

Santé: Santé mentale et exclusion sociale

À l’occasion de la 5e édition des Semaines de la santé mentale, de nombreux thèmes sont abordés, dont celui de la précarité. Les psychologues Hédi Ben Malek et Amélie Zeimet, qui œuvrent au sein de l’unité Psy de Hëllef um Terrain, explorent le lien entre urgence sociale et santé mentale.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...