Podcast: Am Bistro mat der woxx #094 – Mat Contact-Tracing-Apps aus dem Lockdown?

von | 24.04.2020

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Vill Leit wënschen sech en Enn vum Confinement, an dofir gëtt de Ruff no enger App, mat deem dat méi séier sollt goen, ëmmer méi haart. Allerdéngs ginn et bei deene sougenannte Contact-Tracing-Apps ganz vill Onsécherheeten, wat den Dateschutz ugeet. Isabel Spigarelli a Joël Adami schwätzen dës Woch doriwwer, wat fir verschidde Methoden et ginn, de Contact-Tracing ze maachen, wéi d’Erfarungen aus anere Länner sinn an op et eng lëtzebuergesch App wäert ginn. Ausserdeem diskutéieren d’woxx-Journalist*innen d’Méiglechkeete fir Abus, déi sou eng App géif bidden.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...