All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng Petitioun um Chamberssite freet een esougenannte Menstruatiounscongé fir Leit déi ënner staarker Reegelpéng leiden. Et gesäit esou aus, wéi wann se Erfolleg wäert hunn. D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vun der woxx hunn dofir ee groussen Dossier zum Thema präparéiert, an ënnert anerem mat verschiddene Minister*innen aus Lëtzebuerg iwwert Thema geschwat. En plus hunn si sech ugekuckt, wéi d’Diskussioun zu dem Thema international gefouert gëtt an och e puer historesch Beispiller fonnt. Am Podcast schwätzen si mam Joël Adami iwwert all dat – an iwwert d’Fro, wéi sech ee Menstruatiounscongé zu Lëtzebuerg da wierklech ëmsetze géif loossen.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

