Podcast: Am Bistro mat der woxx #159 – Ouni Mask an d’Schoul – wat heescht dat fir d’Infektiounszuelen?

von | 17.09.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mat der Rentrée, déi dës Woch war, fält d’Maskepflicht an de Schoulen. Heescht dat, datt elo all d’Schüler*innen sech mat Covid-19 wäerten infizéieren? Am Podcast schwätzen d‘Tessie Jakobs an de Joël Adami doriwwer, wat dës néi Politik vum Claude Meisch am Detail heescht an wat fir Argumenter dofir schwätzen, datt d’Schüler*innen elo keng Mask méi mussen undoen. Ausserdeem diskutéieren si iwwert Impfcampagne an de Schoulen an soss an der Gesellschaft an iwwert d’Enn vum Large Scale Testing a wat et bedeit, wann et ouni Verdacht keng gratis PCR-Tester méi ginn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...