Podcast: Am Bistro mat der woxx #176 – D’Affär SuperDrecksKëscht

von | 21.01.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Ëmmer erëm gëtt et politesch Diskussioune ronderëm d’SuperDrecksKëscht. Am Podcast vun dëser Woch schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs doriwwer, ëm wat et bei der Affär SuperDrecksKëscht mëttlerweil geet: Ee Kontrakt, dee ganz offensichtlech net mat der Verfassung konform ass. Léisst sech dat esou einfach mat engem Finanzéierungsgesetz behiewen? Donieft schwätzen d’woxx-Journalist*innen awer och doriwwer, wéi de System vun der SuperDrecksKëscht historesch gewuess ass, datt et et schonn am Joer 2000 ganz änlech Diskussioune wéi haut gouf – a wéi déi ausgaange sinn.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...