Samuel Hamen : V wéi vreckt, W wéi Vitess

von | 20.03.2018

Dem Samuel Hamen seng éischt Erzielung beweist, datt een net muss en ale Granzert si, fir béis a granzeg lëtzebuergesch Literatur ze schreiwen.

Et schéngt e Fluch op der lëtzebuergescher Literatur ze léien: Vu lauter Äifer an hirer Mammesprooch ze schreiwen, vergiesse vill Schrëftsteller*innen, datt se och nach e Schluss fir hir Geschicht musse fannen. Dat gëllt och fir „V wéi vreckt W wéi Vitess“ vum Samuel Hamen. Mee dat ass dann awer och quasi dat Eenzegt, wat een dësem Buch ka virgeheien.

Den Auteur geet nawell zimlech gerass vir, fir säi Wierk an der heiteger Literaturlandschaft anzebrennen. Dat andeems en aner bekannte Schrëftsteller*innen einfach abënnt: Sou emmerdéiert den Haaptpersonnage ëmmer nees de Guy Helminger iwwer Voicemail, versteet näischt vum Tullio Forgiarini sengem Franséisch a probéiert sech net virun der Claudine Muno (Uff! Eng Fra!) ze blaméieren. Den Devid Risch ass nämlech sou eng Perséinlechkeet, déi sëlwer gäre Schrëftsteller wär, op jidde Fall bilt e sech dat an. An dat ass beileiwen net dat Eenzegt, wat sech dee komesche Vull alles an de Kapp setzt.

D’Lieser*in suivéiert hien duerch e puer Sessioune bei sengem Psychiater um Lampertsbierg (wou een sech och d’Fro stellt, op sech hannert dem Dr. Coster net och e reelle Personnage verstoppt), déi hien tëscht iwwerméissegem Alkoholkonsum, de Léit op d’Schlappe goen a Selbstbematleedeedung méi oder manner gutt absolvéiert.

Hien huet massiv Problemer Realitéit a Fiktioun auserneen ze halen a kritt et net hin éierlech mat sech oder sengem Dokter – vun deem e virun allem Psychopharmaka well – ze sinn. Dat bréngt eng méi tragesch wéi komesch Biographie op de Plang, déi sech a senge lëschtegen Tirade géint d’Mënschheet, an d’Lëtzebuerger virun allem, spigelen.

Vum Stil hier, probéiert de Samuel Hamen därbaants al lëtzebuergesch Wierder nees zum Liewen ze erwächen, wat heiansdo ganz gutt geléngt, vun Zäit zur Zäit awer  de Liesflow nawell zimlech kann ënnerdrécken.

Mam Devid Risch ass op jidde Fall e weidere lëtzebuergeschen Anti-Held opgetaucht, deen duerch säi Veruechte vun der lëtzebuergescher Mediokritéit (zu där e sëlwer bäidreet a gehéiert) all de linguistiko-identitäre Sproochmatessen, déi elo a Virwahl-Zäite wéi gëfteg Champignonen aus dem Buedem spréissen, kräfteg op d’Schong seecht. An deem Sënn: Wëllkomm! Mir freeën eis op dat nächst Buch!

V wéi vreckt, W wéi Vitess ass bei Editions Binsfeld erauskomm.

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTURTIPP

Event: Thionville Jazz Festival

L’offre déjà riche en festivals de jazz dans la grande région s’est enrichie depuis trois ans d’un nouveau venu : le Thionville Jazz Festival. Comme les années précédentes, la programmation se partage entre formations locales, nationales et internationales. Pendant trois jours, du 2 au 4 juillet, une quinzaine de formations explorent toutes...

LITERATUR

Geschichte vum Guy Rewenig: Fantasie an Zynismus

An dem Guy Rewenig sengem lëtzebuergesche Geschichteband „Babyphone“ fanne sech d’Protagonist*innen a surreale Situatiounen erëm. Den Auteur weist sech dobäi wéi gewinnt sarkastesch a gesellschaftskritesch, woubäi de pickegen Toun heiansdo op d’Käschte vun der Liesfreed geet.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #390 – KI an Aarbecht

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. "KI geet d'Aarbechtswelt revolutionéieren" heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d'Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi "Pro-Tech" an "Pro-KI" ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech...

KULTURTIPP

Expotipp: Der Schuh als Thema und Kunstobjekt

Schuhe sind Alltagsgegenstand, Statussymbol und Kunstobjekt zugleich. Wie letzteres auf die Spitze getrieben werden kann, zeigt derzeit eine Ausstellung in der Galerie „Tunnel am Gronn“, die ihre Fläche seit Jahren schon der Kunst von Schüler*innen widmet. Nicht nur Schuhliebhaber*innen machen deshalb derzeit große Augen, wenn sie die kleine...