Am Bistro mat der woxx #237 – Mir huelen d’Cannabis-Legaliséierung ënnert Lupp
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D'lescht Woch huet d'Regierung hiert Konzept fir d'Legaliséierung vu Cannabis zu rekreativem Gebrauch virgestallt. Et wäert an dëser Legislaturperiod zu kengem Gesetzesprojet kommen, fir dat ëmzesetzen. Am Podcast...







