All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
D’europäescht Parlament huet am September zum Boykott opgeruff, d’Kënschtler*inne vu Richtung22 protestéieren säit zwee Joer géint d’Bedeelegung vun der lëtzebuergescher Kulturzeen – an awer huet den 1. Oktober d’Weltausstellung zu Dubai ugefaangen a Lëtzebuerg ass dobäi. Am Januar 2022 ass dann de groussen Optrëtt vum nationalen Kënschtlerkollektiv am Lëtzebuerger Pavillon. Wat gëtt gewisen? Wéi vill Kritik un de Menschenrechtsverletzunge vun de Vereenten Arabeschen Emirater fënnt sech an de Wierker? A wéi geet Kulturexport ouni Nation Branding? Dësen an aneren Froen ass d’Isabel Spigarelli no gaangen a diskutéiert mam Tessie Jakobs, wat fir Äntwerten d’Kuratore vum Konschtprojet souwéi Richtung22 parat haten. mehr lesen / lire plus