Podcast: Am Bistro mat der woxx #161 – Lëtzebuerger Kultur op der Weltausstellung zu Dubai

von | 04.10.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’europäescht Parlament huet am September zum Boykott opgeruff, d’Kënschtler*inne vu Richtung22 protestéieren säit zwee Joer géint d’Bedeelegung vun der lëtzebuergescher Kulturzeen – an awer huet den 1. Oktober d’Weltausstellung zu Dubai ugefaangen a Lëtzebuerg ass dobäi. Am Januar 2022 ass dann de groussen Optrëtt vum nationalen Kënschtlerkollektiv am Lëtzebuerger Pavillon. Wat gëtt gewisen? Wéi vill Kritik un de Menschenrechtsverletzunge vun de Vereenten Arabeschen Emirater fënnt sech an de Wierker? A wéi geet Kulturexport ouni Nation Branding? Dësen an aneren Froen ass d’Isabel Spigarelli no gaangen a diskutéiert mam Tessie Jakobs, wat fir Äntwerten d’Kuratore vum Konschtprojet souwéi Richtung22 parat haten.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...