DOKUMENTÄR: Déi laang Nuecht

„Et wor alles net esou einfach…“ oder wéi een d’Joere 40 bis 45 an en Dokumentarfilm paakt.

„Ech hunn einfach d’Aen zougemaach an da waren se net méi do.“

De Lëtzebuerger Film-Pionnéier René Leclère hat déi véier Joer Nazi-Okkupatioun 1953 a „Visages du Luxembourg“ op seng Manéier illustréiert. Hie weist e schwaarzen Himmel, mat décke Wolléke verhaangen: „Un jour noir en effet, le 10 mai 1940 exactement, une brusque tornade a fermé notre livre du souvenir“, erklärt de Kommentateur. Nëmmen dat Schéint sollt gewise ginn a fir d’Zäit vun der Besatzung war do keng Plaz. Zënterhier schéngt et awer komescherweis, wéi wa Lëtzebuerg ni esou richteg géing ophale mam Sech-erënneren, just dass déi manner gloriéis Aspekter vum Verhale vun de Lëtzebuerger dacks an der Däischtert verschwannen.

Et huet bal en halleft Joerhonnert gedauert, bis aus der laanger Nuecht endlech Biller erauskomm sinn. Déi däitsch Besatzer waren anscheinend net bäenzeg drop, fir Lëtzebuerg ënnert dem Hakekräiz-Fändel op d’Celluloid ze bréngen a vu Privatleit ware bis an d’Achtzegerjoeren nëmme wéineg Opnahme bekannt. Wou de Philippe Schneider a sengem Film „Pour la Liberté“ vun 1948 wollt säi Land am Krich weisen, hat hie wuel eng Sequenz vum Amarsch aus enger Wochenschau bei Hand, fir de Rescht huet hie sech missten behëllefe wéi e konnt, hien huet gär och mol Szenen aus Fiktiounsfilmer geklaut oder verschiddenes méi schlecht wéi recht nogestallt. Eréischt nodeems den CNA (Centre national de l’Audiovisuel) Ufank der Nonzeger en Opruff gemaach hat fir Amateursfilmer ze sammelen, hunn sech och e puer Bobinnen aus de Joeren 1940 bis 1945 fonnt. Am Pascal Becker senger Retrospektiv „Little Big One“ (1999) goufen et fir d’éischt d’Kolonne vun der VdB (Volksdeutsche Bewegung) ze gesinn, déi duerch d’Nei Avenue marschéieren oder d’Sportsbannfester vun der Hitlerjugend.

„Den Ortsgruppenleiter huet zwar keen erschoss, mee et war eng Sau.“

Den ultimativen Dokumentarfilm iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich huet nach gefeelt. „Mir probéieren d’Saachen an dat richtegt Liicht ze setzen“, seet de Réalisateur Claude Lahr („Stol“), iwwert „Heim ins Reich“, deen hien zesumme mam belsche Produzent Willy Perelsztejn gedréint huet an dee vum CNA koproduzéiert gouf. Dat si grouss Ambitiounen an et ass guer net esou einfach, Saachen an dat richtegt Liicht ze setzen, besonnesch wann d’Zesummenhäng komplex sinn a vill Beräicher vun der historescher Fuerschung nach guer net
richteg ënnert d’Lupp geholl goufen.

No dräi Joer Aarbecht an 80 Stonnen Interviewen mat Zäitzeien kënnt de Film de 17. September an d’Lëtzebuerger Kinoen. Et gesäit een do all Archivbiller, déi aus där Zäit bekannt sinn beieneen, ënner anerem och d’Inauguratiounsried vum Gustav Simon vum
6. August 1940, déi bis elo nach ni gewise ginn ass. Egal a wat fir ee Liicht een déi Zäit probéiert ze setzen, et kann ee sech kaum mat der däitscher Besatzung befaassen, ouni eng Polemik auszeléisen. Pünktlech zum 60. Anniversaire vun der Liberatioun gëtt d’Duerstellung vun de Joeren 40 bis 45 also op en Neits hannerfrot. Well a Wierklechkeet geet et net aleng ëm d’Fakten, et geet dorëm, wéi déi Fakte präsentéiert ginn a wat fir ee Bild doraus fir de Lëtzebuerger Public entsteet.

An der Revue schreiwt de Jean-Pierre Thilges iwwert „Heim ins Reich“: „Besonders die Kollaboration mit dem damaligen Feind, die der Film eingehend behandelt und beleuchtet […] dürfte demnach für Diskussionen, Aufregung und vor allem für Aufklärung über eine rabenschwarze Epoche sorgen.“ Den Ennertitel vun „Heim ins Reich“ ass „Wéi Lëtzebuerg sollt preisesch ginn“ oder „L’échec d’une annexion“. Wann d’Idee vun der mësslongener Annexioun scho vun Ufank un an Evidence gesat gëtt, dann ass et kloer, dass de Film virun allem d’Resistenz thematiséiert, op am Klengen oder am Groussen. „Et ass
d’Geschicht vun enger Bewegung, déi op eng Géigebewegung trefft“, heescht et am Pressedossier. Ennert deene 26 Zäitzeien, déi de Réalisateur interviewt huet, si Resistenzler, Zwangsrekrutéierter, Déserteuren, déportéiert Judden. De Claude Lahr seet: „D’Kollaboratioun gëtt am Film op eng éischter kondenséiert Manéier traitéiert, virun allem duerch d’Témoignagen vun den ‚Affer‘ vun de Kollaborateuren.“ E puer vun hinne schwätze vun engem Noper oder engem Bekannten, dee kollaboréiert huet, e puer ware fir kuerz Zäit an der VdB oder an der Hitlerjugend, sinn awer scho virum Krichsenn 1945 ausgetrueden.

„4000 Lëtzebuerger hunn aktiv mat den Nazie kollaboréiert. Dat ass eng Minoritéit. An awer. Vill waren däitsch oder mat däitsche Frae bestued. E puer hunn och aus Opportunismus gehandelt.“

Och déi aktiv Resistenzler waren eng Minoritéit, et goufen der ongeféier grad esou vill wéi iwwerzeegte Kollaborateuren. „Et brauch een net onbedéngt e Kollaborateur“, seet de Claude Lahr. De Réalisateur hat d’Ambitioun och d’Kollaboratioun duerch Témoignagen ze illustréieren, allerdéngs hat deen Ortsgruppenleiter, mat deem hee probéiert hat ze schwätzen, den delikate Sujet einfach évitéiert. De Menn Bodson, deen 1985 „Déi Zwéi vum Bierg“ fir RTL produzéiert hat, mengt: „Et fënnt een an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg keen ehemalege Kollaborateur, dee sech géing virun enger Kamera erklären.“ Och d’Anne Schroeder hat fir „Histoire(s) de Jeunesse(s)“ d’Sich um halwe Wee opginn, well se sech als ze komplizéiert erwisen huet. D’Geneviève Mersch bezeechent d’Dréiaarbechten zu hirem Film „Iwwer an Eriwwer“, iwwert en Duerf, dat op der Grenz tëscht Däitschland a Lëtzebuerg läit, nach haut als „Cauchemar“, well hir Zäitzeien deene méi „kriddelegen“ Aspekter vum Thema stur aus dem Wee gaange sinn.

„E puer Leit hunn sech fräiwelleg an d’Wehrmacht gemellt. Hir Zuel a Motivatioun konnten nach net geklärt ginn.“

„Heim ins Reich“ huet de Mérite, deen éischte kompletten Dokumentär iwwert Lëtzebuerg am zweete Weltkrich ze sinn: E réckelt sécher Verschiddenes riicht, mee doduerch, dass – wéi an all aner Filmer zum Thema – just déi eng Säit gewise gëtt, rullt en d’Diskussioun op alle Fal net nei op. De Pascal Becker sot iwwert d’Aarbechten zu „Little Big One“: „Verbréng mol e puer Méint mat där Matière, dann ass et net méi sou einfach Distanz ze behalen.“ An et schengt wéi wann de Claude Lahr och déi méi kritesch Approche zereckgestallt hätt fir amplaz dovun virun allem en Hommage ze dréinen. Wat natierlech legitim ass, an dofir awer net manner eesäiteg.

D’Danièle Wagener, Direktesch vum Geschichtsmusée schreiwt: „[…] dans la société luxembourgeoise d’après-guerre, le souvenir s’est cristallisé autour de deux valeurs principales, la résistance et le sacrifice, deux valeurs qui sont devenues constitutives de l’identité nationale.“ Souvenir ass net dat selwecht wéi Opschaffe vun der Vergaangenheet, an dat geschitt net just duerch Vermëttelung vu Fakten. De Public vun haut sollt sech och kënne mat de Choixen vun deemols auserneesetzen. „Heim ins Reich“ ass en Dokumentär vum Souvenir: D’Besatzung bleiwt hei eng Zäit a schwaarz-wäisse Biller, aus där eeler Leit dacks Alldeegleches zielen, wat awer am Kontext vun der Zäit Aussergewéinleches ginn ass.

„Mir waren alleguer ‚victimes du nazisme‘.“

D’Schlusswuert iwwerléist de Claude Lahr enger Zäitzeiin an et ass bal, wéi wann hien domat a leschter Minutt seng eegen Démarche nach wéilt hannerfroen: „Ech hu villes verdrängt. Dat wat net esou schéi war, hu mer verdrängt a mer hunn och ni méi dervu geschwat.“


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressif sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.