Carte Blanche op RTL: Fortschrëtt mat 20 Joer Verspéidung

von | 07.04.2021

Eng duerchgoend Vëlospist tëscht der Stad an der Gare. Doriwwer kann een sech freeën, an dann awer och nees net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Firwat net éischter? Dat ass d’Fro déi engem duerch de Kapp geet, wann een di fuschnei Piste laanscht d’Nei-Avenue vum Pont Adolphe bis zur Paräisser Plaz mam Vëlo erof- oder erop strampelt. E Freideg gouf se mat – pandemiebedéngt – reduzéiertem Tamtam ageweit. Joerzéngtelaang ze spéit, fir déi, déi reegelméisseg mam Vëlo tëschent der Stad an der Gare ënnerwee sinn. An dach e bësschen ze fréi, well grad op der Paraïsser Plaz de Konflikt mat de Foussgänger virprogramméiert ass. Deenen hir Amenagementer sinn eréischt am Juni fäerdeg.

Spéitstens wann dann am Summer, dann déi – nom Lydie Polfer – „schéinste Strooss aus der Stad“ ganz fäerdeg ass, an d’Pist ausgibeg vun de Vëlosfuerer genotzt gëtt, da wäert d’Fro opkommen, firwat se net no der Paräisser Plaz einfach riicht aus weider leeft. Neen d’Vëloen mussen, wann se vun der Neier Bréck erofkommen, an nodeem se de ganzen Zäit op der rietser Stroossesäit gerullt sinn, no lénks, iwwert d’Autospueren an Tramsschinnen, an d’Origer-Strooss fueren, an dann no rechts an d’Al Avenue ofbéien. Fir déi di Op Bouneweeg-Nord oder op d’CFLs-Gare ënnerwee sinn, mécht dee Schlenker sécherlech Sënn. Awer déi, déi zum Beispill op Hollerech oder Gaasperech wëlle kommen, mussen virun der Gare den Tram eng zweete Kéier kräizen, an dann tëschent onbeduechte Foussgänger an Foussgängerinnen Slalom fueren, well déi u sech luxuriéis Piste tëschent en Trams- an en Bus -Arrêt agequëtscht ginn ass.

Datt Konflikter hei net d’Ausnam, awer d’Reegel wäerte ginn, ass souzesoen virprogramméiert, schliisslech handelt et sech bei der Gare Centrale ëm een de wichtegsten „Pôle d’Echange“ vum ganze System. Dat Ganzt erënnert dach staark un déi Problemer, déi och di fir d’Vëloen ausgebaute Al Bréck mat sech bruecht huet: wärend et op der Bréck rullt, sinn d’Konflikter Richtung Uewerstad, hannert dem Sammel-Arrêt vun de stättesche Busser um Boulevard Roosevelt, och net ze vermeiden. Op Nei Avenue oder Al Bréck – a béide Fäll handelt et sech net ëm provisoresch Léisungen, mä ëm definitiv Amenagementer, déi weisen, datt beim Plangen fir d’läscht un de Vëlo geduecht gouf. An dat, trotz ville schéine Sonndesrieden.

De Staat a d’Gemeng weisen sech hei gären géigesäiteg d’Schold zou. Do wou allerdéngs eng gesond Konkurrenz d’Geschäft soll beliewe, fält ëmmer méi op, datt een den aneren boykottéiert. An dësem Fall um Bockel vun de Vëlosfuerer a -fuererinnen, déi zu Lëtzebuerg besonnesch vill Gedold beweise mussen. Freet sech just, wéi laang dem Trauerspill nach wäerte nokucken, ier se sech deen Espace den hinnen zousteet, mat dann éischter onkonventionelle Methoden wäerten uneegnen.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #378 – Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der...

NEWSPOLITIK

L’aide au développement dans un monde bouleversé

Dans un contexte d’augmentation du nombre de conflits et de mépris du droit international, le ministre des Affaires étrangères et de la Coopération, Xavier Bettel, et les député·es ont débattu de la politique de coopération les 18 et 19 mars. Les tribunes accueillaient les diplomates et la société civile. Avec la fermeture des ambassades au...

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...