Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #11 Konscht um Spektrum

von | 21.12.2021

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn hei déi lescht Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir dëst Joer: D’Joanne Theisen an d’Isabel Spigarelli huele Filmer a Serien ënnert Lupp, an deene Mënschen um autistesche Spektrum d’Haaptroll spillen.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Mënschen um Spektrum sinn Nerds, iwwerbegabt a gi mat intimen Bezéiungen net eenz – Klischee oder Realitéit? Zesummen mam Joanne Theisen, selwer um Spektrum, diskutéiert d’Isabel Spigarelli entspriechend erfollegräich Filmer a Serien wéi Love On The Spectrum, Atypical, Big Bang Theory, Rain Man oder Adam. Dobäi kommen si ënner anerem och op d’Representatioun vu Fraen um Spektrum, Grenziwwerschreidung beim Dating souwéi d’Duerstellung vu Behënnerungen a mentalen Krankheeten am Allgemengen ze schwätzen.


D’Joanne Theisen, 32 Joer al, ass mat 26 Joer bei der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) diagnostizéiert ginn. Hatt bedreift nieft senger Aarbecht als Beoptragt fir Kommunikatioun bei Info-Handicap d’Webiste autismus-welten.lu an ass Member vum Grupp Les Fantautistes, dee viru Kuerzem d’Lidd Fantautistique erausbruecht huet. Doriwwer eraus bitt hatt bei der FAL Weiderbildungen an Temoignagen un. Am Podcast deelt d’Joanne seng perséinlech Meenung mat, déi net representativ fir all Mënsch um Spektrum ass. Eng schrëftlech Transkribéierung vum Podcast vum Joanne gëtt et hei.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...