Maacht Iech et gemittlech, mir hunn hei déi lescht Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir dëst Joer: D’Joanne Theisen an d’Isabel Spigarelli huele Filmer a Serien ënnert Lupp, an deene Mënschen um autistesche Spektrum d’Haaptroll spillen.
Mënschen um Spektrum sinn Nerds, iwwerbegabt a gi mat intimen Bezéiungen net eenz – Klischee oder Realitéit? Zesummen mam Joanne Theisen, selwer um Spektrum, diskutéiert d’Isabel Spigarelli entspriechend erfollegräich Filmer a Serien wéi Love On The Spectrum, Atypical, Big Bang Theory, Rain Man oder Adam. Dobäi kommen si ënner anerem och op d’Representatioun vu Fraen um Spektrum, Grenziwwerschreidung beim Dating souwéi d’Duerstellung vu Behënnerungen a mentalen Krankheeten am Allgemengen ze schwätzen. mehr lesen / lire plus