Carte Blanche op RTL: Eng Lanz fir Bouneweg

von | 16.06.2022

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer Verkéiersberouegung um Beispill vum gréisste Quartier aus der Stad.

Bouneweg ass, wat d’Populatioun ubelaangt, bei wäitem dee gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Enn 2021 goufen do ronn 17.700 Awunnerinnen an Awunner gezielt.

Wär Bouneweg eng eege Stad, sou wär et mat Suessem ex aequo déi sechstgréisst Proporzgemeng am Land. Ee Schwéiergewiicht, kéint ee mengen, an deem och nach e puer Minister*innen, dorënner esouguer de Premier, wunnen.

Op der rezenter Reunioun, déi de Schäfferot vun der Haaptstad am Bouneweger Kulturzentrum ofgehalenen huet, goung et ganz ziviliséiert hier, an et huet och net u Luef gefeelt iwwert dat, wat d’Gemeng an hir Zerwisser, besonnesch wärend der Pandemie, geleescht hunn.

An dach: Sou richteg seriö geholl, fillen d’Bouneweger*inne sech net. Als Beispill kéint een do déi rezent agefouerte Verkéiersreegelung an der Trevirer-Strooss, mat Verlängerung no Süde bis un de Bord vun der Gemeng, nennen. Dësen Tronçon gouf als „rue cyclable“ deklaréiert an domadder automatesch d’erlaabte Vitess op 30 Kilometer erofgesat.

Dës Mesure gouf wärend der Versammlung nawell hefteg diskutéiert. Allerdéngs manner, well d’Leit géint 30-Kilometerregel wieren. Villméi gouf de Verdacht geäussert, datt d’Vëlosfuerer*innen als Versuchskanéngercher gebraucht géifen, fir Verkéiersberouegung am Quartier ze bedreiwen.

Nu wär et net fair, de Gemengeverantwortlechen esou eppes ze ënnerstellen an d’Kritik war och éischter rhetoresch. De gewollten Effekt ass och spierbar agetrueden: et fuere manner Autoen duerch déi genannte Stroossen.

Allerdéngs hunn déi, déi do mam Vëlo ënnerwee sinn, tatsächlech e mulmecht Gefill. Theoretesch dierfen d’Autoen an enger Rue cyclable net iwwerhuelen. Huet een awer esou ee SUV am Genéck, deen nach kuerz virdru mat 120 oder méi iwwert d’Autobunn gebriedert ass, da muss ee scho vill Glawen an d’Mënschheet hunn, fir onbekëmmert seng Stréck erof a besonnesch erop ze strampelen.

Eng generaliséiert 30-Kilometer-Zon fir de ganze Quartier mat infrastrukturelle Moossnamen, déi dann och derzou féieren, datt d’Vitess agehale gëtt, wär sécher déi besser Léisung.

Fir d’Vëloen, an déi déi zu Fouss ënnerwee sinn, läit de Problem souwisou enzwousch anescht: Ee groussen Deel vu Bouneweg ass duerch d’Rocade a seng Verlängerung vum Garer Quartier reegelrecht ofgetrennt. Statt e puer Meter Loftlinn muss den douce Verkéier honnerte Meteren Ëmwee, ënnerbrach vu Luuchten, déi gefillt ëmmer rout sinn, iwwerwannen.

Ënnert dem eemolege Buergermeeschter Paul Helminger gouf e Plang ausgeschafft d’Zuch-Gare ganz ze iwwerdecken – bis an de Bouneweger Quartier eran – mat Autoen déi dann ënnerierdesch vum Rescht vum Verkéier ofgetrennt sollte ginn.

Och vun engem direkten Zougang fir Bouneweg an de Souterrain vun der Gare, an domadder mattendran an de Garer Quartier, gouf geschwat.

Gedanken, déi engem erëmkommen, wann een op der Trevirer-Strooss ënnerwee ass … awer beim Vëlofuere soll ee jo net dreemen, och net an enger Rue cyclable.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #388 – Blutspende: Anhaltende Diskriminierung

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben,...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #387 – KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d'Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d'Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D'Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #386 – Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ?

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, retour sur le discours sur l'état de la nation prononcé par le Premier ministre Luc Frieden le 19 mai. Entre appels répétés à la cohésion et au « vivre-ensemble », annonces...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #385 – Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale...