Am Bistro mat der woxx #242 – Gréngt Resultat bei de Gemengewalen

von | 16.06.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d’Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d’Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well esou vill nei Leit op de Lëschte vun Déi Gréng ugetruede sinn, oder ginn et och nach aner Grënn, wéi zum Beispill déi vill Krisen, déi staark Suergen an de Wonsch no Stabilitéit ausléisen? Mir kucken eis och un, wat d’Partei elo maache kann, fir bei de Nationalwale besser ofzeschneiden.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Déi Gréng : douche froide après les années d’euphorie

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...