All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Autosfestival ass dat wichtegst Fest am Lëtzebuerger Kalenner. Dat kéint een*t op mannst denken, wann ee*nt grad am Grand–Duché ënnerwee ass. Och wann et lues geet, sou ännert sech dach eppes bei den Autoen, déi zu Lëtzebuerg kaaft ginn. Et sinn ëmmer méi Elektroautoen dorënner. Mä wisou ass dat esou, a wat kann oder wëll d‚Regierung maachen, fir datt et der nach méi ginn? An wisou sinn d‚Emissioune vun de Verbrennerautoen an deene leschte Joren net massiv erofgaangen, obwuel d‚Autoen ëmmer méi spuersam gi sinn? Doriwwer schwätzen d‚Isabel Spigarelli an de Joël Adami an eiser aktueller Podcast–Folleg.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Verkehrswende: Elektrisch im Stau
https://soundcloud.com/woxx-21532663/autosfestival-elektromobiliteit-a-ganz-vill-emissiounen
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

