Am Bistro mat der woxx #299 – Wat maache géint haislech Gewalt?

von | 06.09.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

2023 louch d‚Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‚Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‚Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‚Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert d‚Melanie Czarnik net nëmmen, wisou dat esou ass, mä och, wat fir Angeboter et zu Lëtzebuerg esouwuel fir Affer wéi och fir Täter*innen gëtt. Thema ass awer och, wat d‚Regierung elo mat hirem neien Aktiounsplang wëlles huet.
Den Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn:
Häusliche Gewalt: Gewalt fängt mit Worten an

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...