Am Bistro mat der woxx #366 – Wunderwaffe CO2-Speicher?

von | 01.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d’CSV-DP-Regierung op dëse Wee setzen a schafft un engem Aktiounsrahmen zu CCS, CCU an CDR.

Wéi gesäit d’Realitéit vu CO₂-Späicherprojeten aus, déi weltwäit lafen – a firwat profitéiert d’fossil Industrie dovun esou dacks? A wéi seriö sinn d’Pläng, CO₂ och am lëtzebuergesche Buedem ze späicheren, obwuel dat bis elo gesetzlech verbueden ass? Iwwer technesch Verspriechen, de Kuelestoffmarché an d’Gefor, d’Reduktioun vun Emissiounen aus den Aen ze verléieren, schwätzen de Joël Adami an d’Melanie Czarnik an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: CO2-Speicher: Keine Wunderwaffe in der Klimakrise

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

Wegen der Dürre: Flexiblere Regeln für Betriebe

Am vergangenen Mittwoch hat Landwirtschaftsministerin Martine Hansen (CSV) Entlastungen für landwirtschaftliche Betriebe angekündigt. Die anhaltende Dürre sei eine „außergewöhnliche Wetterbedingung“, so das Ministerium nach einem Treffen mit der Landwirtschaftskammer. Deshalb sollen nun flexiblere Regeln gelten, damit Landwirt*innen eine...